D’Lëtzebuerger REVUE déi bis 2016 all Joer am groussen Theater gespillt gouf, ass eng satyrësch socio-politico-kulturell Revue, wou d’Politik vun onsem Land revue passéiere gelooss an onse Politiker de Spigel virgehale gëtt. An och ons Gesellschaft mat all hiren Ausrutscher gëtt op d’Schëpp geholl mat flotten a bëssegen Texter.
No engem Joer Paus steet die „NEI REVUE 2018“ erëm virun der Dir. Gespillt gëtt se dëst Joer erëm am Kapuziner Theater mat deelweis neie Leit, also enger frëscher, dynamescher a benevoler Equipe déi virunallem net wollten, dass d’REVUE, déi et ëmmerhin schons méi wéi 120 Joer gëtt, einfach esou eweg fällt.
1896 ass zu Lëtzebuerg déi 1. grouss REVUE am Kapuziner Theater gespillt ginn.
Dat waren Lëtzebuerger Flautereien, e Koméidistéck an 2 Akten:
1. D’REVUE vum Joer
2. En Ackerbaufest
Text a Musekpotpourri vum Lexi Brasseur.
A vun do un ass praktësch all Joer mat Ausnahm vun de Kriichsjoeren eng REVUE gespillt gin.
1957 – 1975
Ugen Heinen
1976 – 1982
Claude Fritz
1983 – 1995
Fons Kontz a René Putz
1996 – 2007
Guy Geimer
2008 – 2016
Zoltan Gaetti
Reservéiert är Tickets bequeem online iwwer luxembourgticket!
Kapuzinertheater
02.04. – 05.04.
Escher Theater
08.04. – 10.04.
Käerjenger Treff
17.04. – 19.04.
Cape Ettelbréck
23.04. – 26.04.
Arca Bartreng
27.04. – 29.04.
Cube 521 Marnach
02.05. + 03.05.